De Comité 2016-2017
![]() |
Brandt Anthony (Président) Faria Fabrizia (Vice-Président) Ramos Luca (Vice-Président) Noesen Yannick (Vice-Président) Diriken Axel Koster Joe Payer Joelle Groff Anna Huber Moritz Pescatore Camille Weber Jil Travaglini Steve Grimler Julie Havenith Beatrice Ries Caroline Gaspart Michels Esther Peiffer Camille Trierweiler Liz |
Parker Olivier Castellana Francesco Mosar Ralph Ernzer Anouk Kayl Li Weicherding Nina Lentz Kim Simoes Cathy Victorio Mariel Manderscheid Laurent Colucci Alessio Wolf David Gubbini Kim Steinmetz Marie Hawes Alicia Zimmer Nora Lombardi Vanessa Masion Daniel |
De Premièrescomité setzt sech zeaummen aus motivéierte Schüler, déi Aktivitéiten organiséieren, déi d'Liewen op Première e besse méi agréabel maachen. Seng ganz Schoulcarrière huet een sech dorop gefreet, fir endlech emol zu "de Groussen" ze gehéieren an do derbäi ze sinn.
Mir sinn zu ronn 40, déi sech am Laf vum Schouljoer 2016-2017 ëm d'Organisatioun vu verschiddenen Eventer gekëmmert hunn.
Dat alleréischt war dat traditionnellt Kleeseschersfest, de 6. Dezember.
Schonn de 5. Dezember hunn all d'Primaner sech immenz Méi ginn, fir dat provisorescht Gebai, an dem mir zu deem Zäitpunkt nach waren, esou schéi wéi méiglech ze décoréieren.
De 6. Dezember, um Dag vum hellege Mann, sinn dann d'Schüler, d'Proffen a souguer déi zwee Hären Direkter an Sous-Direkter iwwerrascht ginn: een Dännebeemchen houng op der Kopp, d'Gedrénksautomate waren als Kaddoen agepak an op de Casiere stoungen léif a méi oder wéineger speziell Sprech, déi jidderengem e Laachen op d'Gesiicht gezaubert hunn.
Um 7 Auer hu mir eis all schonn an der Péitruss getraff, vu wou et du géint 9 Auer mat engem Trakter a Richtung Campus goung.
Déi schéinste Kostümer waren derbäi: vum Kleeschen an Housecker iwwer Engelen, Renndéieren, Kaddoen, Elfen an Schnéikinniginnen. Mee awer och originell Dännebeemecher a souguer exotesch Uebststécker haten hiere Wee deen Dag bei de Kleesche fonnt.
Den 9. Dezember war dunn deen éischte Kolléischer Fräibéier, mam Numm: "Let it beer", an der Rives de Clausen am Tilt.
Den 3. Mäerz war eisen zweete Fräibéier, dës Kéier am Mclub zu Hollerech. En hat den originellen Titel: "Mention: Très bière" (eng kleng Déviatioun vun "Mention: Très bien").
Eng weider Organisatioun ass d'Premièresfest, op eisem leschte Schouldag, wat dëst Joer den 19. Mee ass.
Den 18. Mee, huet de Comité e Quiz organiséiert, fir d'Wësse vu Schüler a Proffen ze testen. Duerno gëtt den Ofschloss vun der Lycéescarrière mat hinne gefeiert.
Den 19. Mee ass dann, wéi all Joer, de spannende Fussballsmatch tëschent Proffen a Primaner. Déi ganz Schoul wäert hiere Wee an d'Sportshal fannen (an natiirlech ass gewosst, ween déi meescht Supporteren huet).
Duerno gëtt et e Wupp, perséinlech gegrillt vum Comité, an e puer Zaloten, fir aus dem leschten Schouldag e besonnescht Fest ze machen.
Parallel zum Premièrescomité, huet sech och e separate Comité aus de 5 Classiqueslycéen aus der Stad zesumme gesat. De Kolléisch organiséiert also mat de Lycéen Aline Mayrisch, Michel Rodange, Robert Schumann a Lycée des Garçons, verschidde Mottopartyen am Mclub zu Hollerech.
No den Examen ass dann de groussen XXL-Fräibéier, dee berühmt a berüchtegt ass bei alle Primaner am ganze Land. Sie fannen hiere Wee nom leschten Examen alleguer an d'Rives de Clausen, fir den Ofschloss vun Joer ze feieren.
Nodeems d'Exame geschriwwen an iwwerlieft sinn, fannen mir eis dann den 8. Juli op der Diplomiwwerreechung erëm.
Um halwer 5 ass d'Remise des Diplômes am Conservatoire an duerno gëtt et e Vin d'Honneur am Préau vum rénovéierte Gebai.
Dem Comité seng lescht Organisatioun ass dann d'Promnight, wou ee mat senger Famill a senge Frënn den Ofschloss feiere kann. Dëst Joer ass se an der Aula, an de Schnéckert proposéiert en exceptionnelle Menü, wou bestëmmt fir jiddereen eppes derbäi ass.
No dësem schéinen, awer och ustrengende Schouljoer, ass da fir déi meescht d'Zäit am Lycée eriwwer. Elo heescht et selwer säi Wee ze wielen an eraus an d'Liewen ze goen.
Am Uffank ass ee mat der ganzer Responsabilitéit villäicht e bessen iwwerfuerdert, mee no an no wäert jidderee seng Entscheedungen treffen, seng Richtunge wielen an säi Liewe genéissen.
Mir wënschen all Mënsch nëmmen dat Allerbescht fir d'Zukunft, fir d'Liewen an der grousser Welt a villäicht gesäit een jo dat engt oder anert Gesiicht iergendwou, iergendwann erëm!
Bonne route!
Esther Gaspart Michels