D’Consolatrix afflictorum am Kolléisch

1. Juli 2016

Den 1. Juli 2016 koum d'Statu vun der Tréischterin am Leed an de Kolléisch, dëst am Kader vun dem 350. Jubiläum vun der  Erwielung vu Maria zur Patréinesch vu Lëtzebuerg am Joer 1666. De ganze Mouvement vun der Muttergottesoktav huet säin Uersprong am Kolléisch. Am Joer 1624 huet de Jesuitepater a Professer am Kolléisch, zesumme mat engem Grupp vu Kolléischsschüler, eng Mariestatu virun d'Stadmaueren op de Glacis gedroen. An der schwéierer Zäit vu Krich, Leed an Hongersnout am Ufank vum 17. Joerhonnert hunn d'Lëtzebuerger Trouscht bei Maria gesicht. Den Alex Langini an de Georges Hellinghausen hunn de Studenten d'Bedeitung vun der Statu erkläert, nodeems d'Schüler vun der 3F se musikalesch begréist hunn.

Hei den Text vum Referat vum Georges Hellinghausen, dat hien den 1. Juli am Kolléisch gehalen huet.

Versetze mer äis an de Kontext vun der Zäit eran. D’Jesuitepateren hu 1603, esou wéi op ville Plazen an Europa an op der Welt, e Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt, fir do déi männlech Jugend ze forméieren. D’Gebei vum Kolléisch steet jo nach haut do, nieft der Kathedral; haut ass d’Nationabibliothéik dran ënnerbruecht, bis ugangs de 60er Joren war de Kolléisch, är Schoul, selwer dran. D’Formatioun vun der Jugend sollt an engem chrëschtleche Geescht geschéien, well d’Zäite waren deemols chrëschtlech duerch an duerch. Duefir hu vill reliéis Momenter an Aktivitéiten zur Ausbildung gehéiert.

Den 8. Dezember 1624, um Fest vun der Immakulata, d. h. der Muttergottes, déi ouni d’Ierfsënd op d’Welt komm ass, hu Studenten aus dem Kolléisch des Statu vun der Muttergottes op de Glacis virun de Stadmaueren gedroen (d.h. déi eidel Plaz, wou net duerft gebaut ginn an déi musst fräi bleiwe fir Krichsmanöveren). Dës Prëssessioun war ee vun dëse reliéise Momenter, déi ech erwähnt hunn. An et ware Membere vun der marianescher Sodalitéit, d. h. engem konstituéierte reliéise Grupp, dee besonnesch déi marianesch Devotioun geflleegt huet an d’chrëschtlecht Ideal an d’Wierklechkeet ëmsetze wollt. Hannert deër Initiativ vum 8. Dezember 1624 stung de Pater Jacques Brocquart, Studiepräfekt am Kolléisch. E puer Woche virdun hat hien um Glacis e Kräiz opgestallt, an dorun gouf elo dest Mariebild festgemat. A wéi se do stung, gouf des Statu en Anziehungspunkt vu Mënschen, déi eenzel oder gruppeweis dohi komm sinn, fir am Gebied Maria, der Mamm vum Jesus, hir Uleies virzedroen. Esou ass déi Plaz eng Pilgerplaz ginn.

Dëst ëmsou méi, als d’Mënschen deemols heizulands mat ganz haarde Liewesëmstänn konfrontéiert waren: Krich iwwert wäit Strecken a Joeren, Hongersnout, Pescht, de Glawen veronséchert duerch de Protestantismus un de Grenze vum Herzogtum Lëtzebuerg. All hir Onsécherheeten an hirt Leed hunn se Maria am Gebied um Glacis presentéiert a bei hir Hëllef gefrot, fir dat kënnen ze bewältegen.

D’Statu selwer, wéi se hei virun äis steet, dréit den Titel „Consolatrix afflictorum“ (Tréischterin am Leed, Trösterin der Betrübten). De Pater Brocquart hat hir dësen Ttel ginn, well déi widreg Zäitëmstänn an den Trouscht, deen d’Mënsche bei Maria fonnt hunn, dat nogeluecht hunn.

D’Verhale vun de Leit huet de Pater Brocquart motivéiert, der Plaz, wou d’Tréischterin stoung, méi eng fest an zolitt Struktur ze ginn. Hien huet eng Kapell geplangt an huet 1625 mam Bau ugefaangen. Wéi hie selwer 1626 vun der Pescht befall ginn ass, mécht en e Gelübde a versprécht, falls en erëm gesond giff ginn, mat ëmsou méi Äifer déi Kapell fäerdech ze bauen. Dat ass geschitt, an esou konnt d’Muttergotteskapell den 10. Mee 1628 ageweit ginn. An hir gouf d’Statu vun der Tréischterin opgestallt, an do ass se bliwwen, esou laang wéi d’Glacis-Kapell stung. Dës Kapell ass wéinst deem grousse Zoulaf séier ze kleng ginn, an esou ass tëscht 1640 a 1642 e Rechteck un deen ursprünglech ronne Bau ugebaut ginn; domat war se duebel esou grouss wéi virdrun.

D’Kapell gouf eng Pilgerplaz, a vun Ufank un gouwen et do wonnerbar Heelunge vu Kranken, déi a sougenannte „Mirakelbicher“ notéiert sinn.

D’Sodalen aus dem Kolléisch waren also vun Ufank un derbäi a sinn och weiderhin Protagonisten vum Mariekult bliwwen. Bei alle grousse Momenter waren si präsent: wéi de Grondsteen vun der éischter Glaciskapell geluecht gi war 1625, wéi d’Kapell 1628 geweit ginn ass, wéi déi vergréissert Kapell inauguréiert ginn ass 1642 a bei alle Prëssessiounen, wou d’Statu zäitweis an d’Kolléischskierch matten an d’Stad iwwerdroe ginn ass an durno nees zréck op de Glacis bruecht gouf; et war dat 1639 déi éischte Kéier, an zwar fir eng Zäit vun 8 Deeg, eng sougenannten Oktav. An domat si mer schon um Ufang vun deem, wat mer nach haut als eis „Oktav“ bezeechnen.

Vu wou déi Statu hirstammt a wien se geschnëtzt huet, dozou hu mer kee fest Wëssen, awer dräi Hypothesen. Déi éischt seet, se wier vum Daniel Müller geschnëtzt ginn, engem Kënschtler aus Sachsen, deen op Lëtzebuerg immigréiert war an am Déngscht vun de Jesuite geschafft huet. Déi zweet gesäit se an Zesummenhank mat dem Gnodebild vu Montaigu an der Belsch. Do war no 1600 eng Wallfahrt ëm eng Muttergottesstatu entstanen, déi esou bedeitend gouf, dass Kopien vun der Montaiguer Muttergottes nogeschnëtzt goufen; an déi Lëtzebuerger Statu wier eben eng vun dësen Ableger (effektiv huet se bestëmmten Zich, déi dem Bild vu Montaigu gläichen). Déi drëtt Hypothes – dat ass déi vun der Madame Muriel Prieur, déi d’Statu virun e puer Joer restauréiert huet – dës drëtt Hypothes seet, d’Statu wier scho méi al wéi deen Abléck, wou hir Geschicht als Lëtzebuerger Muttergottes ufängt; se hätt, als spéitgotesch a fréibarock Skulptur, scho vläit Enn des 16. Jh. bestan a wier vum däitschen Kulturraum beaflosst. An anere Wierder: Mer wësse leschtlech net, wou se eigentlech hirstamt a wien se gemat huet, mä deen Deel vu Geheimnis huet jo och säi Charme.

Wéi d’Schüler aus dem Kolléisch d’Statu op de Glacis gedroen hunn, hat se wahrscheinlech nach net déi Stofte-Kleeder un, mat deenen se normalerweis bis haut presentéiert gëtt – mä se war als faarwech, polichroméiert hëlze Statu aus Lannenholz, 73 cm héich, erkennbar. Et muss een se gesinn am Zesummenhank mat engem Passage aus der Bibel, aus der Apokalyps, der Geheimer Offenbarung vum Johannes, deen am Kapitel 12 schreift: „Dann erschien ein großes Zeichen am Himmel: eine Frau, mit der Sonne bekleidet, der Mond zu ihren Füßen und ein Kranz von zwölf Sternen auf ihrem Haupt... Und sie gebar ein Kind, einen Sohn, der über alle Völker mit eisernem Zepter herrschen wird.“ Dës Bibelstell stellt wuel, wéi se notéiert ginn ass, d’Vollek Gottes aus dem Juddentum dur, dat verkierpert gëtt duerch eng Fra; an an deem Vollek Gottes ass jo Christus, de Messias gebuere ginn. Mä eng al Traditioun gesäit och an deër Fra d’Gestalt vu Maria. Un dësem Bibeltext ass eis Tréischterin inspiréiert: d’Fra mat der Kroun um Kapp, mam Kand, dat se gebueren huet, hire Fouss op der Mondsichel.

D’Statu ass normalerweis mat richtege Kleeder ugedinn. Deër gëtt et an déi fofzeg, vun alle Faarwen an aus allen Zäiten, dacks ganz wäertvoller. Scho ganz fréi, vu 1636 un, sinn esou Kleeder un der Statu beluecht; dat war eng Moud aus dem Spéitmëttelalter, déi grad an de Spueneschen Niederlande – wouzou Lëtzebuerg gehéiert huet – populär war. Firwat dës Kleeder? Si drécken engersäits aus, dass de Personnage, dee gemengt ass – also Maria, d’Mamm vum Jesus – de Mënsche ganz no ass an esou wéi si Kleeder dréit; anersäits, well et jo stiliséiert, wäertvoll Kleeder sinn, dréckt et och de grousse Respekt virun deem Personnage aus. Also béides: „Nähe und Distanz“.

D’Statu stoung, hat ech gesot, an der Glaciskapell, wou se veréiert gouf. Bei bestëmmte Geleeënheete gouf se awer och a Prëssessioun an d’Stad eragedroen an an der Jesuitekierch, der heiteger Kathedral, opgestallt. An do gouf da während enger Woch, während aacht Deeg oder (wéi dat nach genannt gëtt) während enger Oktav, gefeiert. Durno gouf se nees zréckgedroen an d’Kapell um Glacis. Des Moud, fir Oktaven ofzehalen, ass besonnesch populär ginn, wéi 1666 d’Tréischterin zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg erwielt ginn ass – dat feiere mer jo dëst Joer, well et genee 350 Joer hir sinn. Esou eng Oktav, wou da vill Mënschen, Gruppen, Paren asf. bei d’Muttergottes gepligert sinn, ass no 1666 am Mount Oktober gefeiert ginn, ëm de Stéchdag vum 10. Oktober, dem Dag vun der Erwielung vun der Stadpatréinesch. Mä zwielef Joer méi spéit, 1678, gouf si och zur Patréinesch vum ganze Land erwielt, a vun do un ass d’Oktav verluecht ginn an d’Zäit no Ouschteren, an d’Fréijoer. A bis haut besteet déi Oktav jo weider all Joer, wa mer, wéi mer soen, an d’Oktav ginn – a wou jo och bis elo de Kolléisch sech ëmmer bedeelegt huet an dat och hoffentlech an Zukunft weider mécht. Aus deenen ursprünglech aacht Deeg Oktav goufen der spéider 10, du 14, esou wéi mer et bis haut jo erliewen.

Normalerweis dréit Maria e Schlëssel an hirer Hand. Gemengt ass de Stadschlëssel vu Lëtzebuerg, an e weist hin op d’Erwielung vu 1666. Do hat si verschidde Schlësselen iwwereecht kritt – den Abt, deen d’Mass gehalen huet, huet se entgéintgeholl, virun d’Muttergottes geluecht an durno nees zréckginn. Ee Joer durno, den 10. Oktober 1667, kritt si vum Gouverneur vun deemols, dem Prënz vu Chimay, e gëllene Schlëssel iwwerreecht, deen si vun do un ëmmer dréit. Am Laf vun der Zäit sinn nach aner Schlëssele geschenkt ginn, wéi z.B. duerch d’Par Iechternach 1866 oder de Scheffen- a Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg am Joer 1963, beim Millénaire vun der Stad. Maria de Schlëssel ginn heescht: Si ass elo Schutzpatréinesch, si waacht iwwert äis.

Iwwregens huet och de Kolléisch am Joer 1866, bei der Zweehonnertjoerfeier vun der Erwielung vun der Stadpatréinesch, dem Gnodebild e Cadeau gemat an him zwou Sëlwerluuchten geschenkt, déi iwwert der Statu um Votivaltor hänken. De Votivaltoer ass dee gëllenen an eisernen Altoer, deen Der all Joer an der Oktav an der Kathedral gesidd, an dee just fir d’Oktav opgeriicht gëtt – dëst Joer awer ausnahmsweis, wéinst dem Jubiläum, bis den 10. Oktober stoe bleift. Deen Altoer ass fir den éischten Centenaire vun der Erwielung vun der Stadpatréinesch 1766 vun de Jesuiten ugeschaft ginn, fir an der Oktav d’Muttergottesstatue extra en évidence ze setzen; en ass gemat gi vum Schlässermeeschter Pierre Petit, deen seng Formatioun zu Orval, haut an der Belsch an deemols nach lëtzebuergesch, kritt hat. Op enger vun den zwou Sëlwerluuchten vum Kolléisch steet agravéiert, als Chronogramm, d. h. eng Inschrëft mat grousse réimeschen Bustawen, déi zugläich Zuele sinn an eng bestëmmte Joreszuel erginn, wann een se zesummenzielt (an dësem Fall d’Joer 1866): „Pia Virgo, tibi consecrant corda Athenaei alumni. 2a julii 1866. Dir, gnädeg Jongfra, weien d’Studente vum Kolléisch hiert Häerz. 2. Juli 1866.“ A wéi 1921 den 250. Jubiläum vun der Stadpatréinesch nogefeiert ginn ass (am 1. Weltkrich 1916 konnt en net stattfannen), huet och do den Athénée e Cadeau gemat: en 28 cm laangt gëllend Zepter fir d’Muttergottesstatu, vum Goldschmatt Adolf Strock, mat der Inschrëft: „Athenaeum – bonae Matri 1921“.

Bis haut ass dës Mariestatu en Haaptanziehungspunkt an der Kathedral an der Stad. Do steet si zënter d’Kapell um Glacis zerstéiert ginn ass, et war dat am Joer 1796, wéi d’franséisch Revolutiounstruppen se profanéiert, an e Päerdstall ëmgewandet a schliisslech ofgerappt hunn. Zënterhir ass déi al Jesuitekierch d’Pilgerkierch a gouf am 19. Jh. och nach zousätzlech Kathedral, d. h. Bëschofskierch. D’Fëllementer vun der aler Glacis-Kapell hu mer jo virun e pur Wochen erëmfonnt, bei Aarbechte vun der Stad Lëtzebuerg fir den Tram ze amenagéieren.

Besonnesch wichteg war d’Bild vun der Muttergottes am Zweete Weltkrich. D’Oktav war verbuede gi vun de Preisen, well se zevill patriotesch war, an esou konnte just kleng Gruppen an eenzel Pilger an d’Kathedral pilgeren. Mä hiert Gebied virun der Muttergottes war ëmsou méi intensiv. Am Krich waren et zwou Fraen, déi d’Onofhängegekeet vu Lëtzebuerg symboliséiert hunn – Lëtzebuerg, dat jo vun Nazi-Däitschland besat war a kugenéiert gouf. D’Groussherzogin Charlotte am Exil an d’Muttergottes an der Kathedral hunn deemols an de Gedanke vun de Leit d’Hoffnung opliewe loosst, dass eist Land nees eng Kéier giff fräi an onofhängeg ginn – wat jo 1945 du passéiert ass.

D’Muttergottes aus der Kathedral an d’Schüler aus dem Kolléisch! Erënnere wëll ech och drun, dass bei der Erëffnung vun all Oktav d'Gnodebild duerch d'Kathedral gedroe gëtt, ier et op de Votivaltoer opgestallt gëtt fir déi 14 Deeg Wallfahrtszäit. Dobäi gëtt et gedroe vu jonke Leit, och vu Studenten aus dem Kolléisch, an Erënnerung un déi éischte Kéier, wou si dat gemat hunn – nämlech den 8. Dezember 1624, wéi se d’Statu op de Glacis gedroen a virum Kräiz opgestallt hunn.

Domat schléisst sech de Krees. Zum Ofschloss kann ee soen, dass d’Wallfahrt bei d’Tréischterin enk mam Kolléisch a mat senge Studenten verbonnen ass, ganz um Ufank an a villen Oktavzäiten zënterhir. De Kolléisch steet un der Wéi vun der Oktav. A wann 1624 d’Muttergotttes aus dem Kolléisch vun äre Virgänger erausgedroe ginn ass, tëschenduerch villfach vum Glacis an d’Stad a vun der Stad op de Glacis zréck, a vun 1954 un duerch d’Kathedral um Ufank vun all Oktav bis op de Votivaltoer – da kënnt se haut, bal 400 Joer no hirem éischten Transfer op de Schëlleren vu Schüler aus dem Kolléisch, nees zréck an de Kolléisch. An dat emfannen ech, als Ancien vun dëser Schoul, als en héichsignifikative, memorablen Ament, dee mer zesummen hei erliewen.

Georges Hellinghausen

P. S.

Memorable ass dësen Ament och, well et eng vun de leschte Stonnen an engem Reliounscours war. Bekanntlech gëtt am Schouljoer 2016/17 de Reliounsunterrecht an d'F'ormation morale et scociale duerch dat neit Fach "Vie et Société" ersat. Déi kulturell a reléis Bedeitung vun der Muttergottesoktav an déi enk Geschicht tëschent dem Kolléisch an der Statu vun der Consolatrix wäerten awer weider bestoe bleiwen.

Kuckt och eis Photosgalerie.