Chères et chers élèves des classes de première,

Bientôt vous aurez franchi une étape décisive de votre vie et – diplômé/e/s, j’en suis certain – vous allez quitter l’Athénée qui, pendant un laps de temps considérable, faisait partie de votre quotidien pour vous lancer dans de nouvelles aventures. Dans ce moment clé, j’aimerais vous souhaiter à toutes et tous une vie pleine de succès et de satisfaction tant sur le plan personnel que professionnel. Réalisez vos rêves et poursuivez, quoi qu’il arrive, la quête du bonheur !

Je suis convaincu que la formation que vous avez reçue au sein de notre lycée ainsi que les efforts que vous avez investis dans vos études constituent une base solide pour vous lancer dans le monde académique et la vie professionnelle. Mais l’Athénée ne représente pas seulement l’école que vous avez fréquentée mais surtout les personnes dont vous avez fait la connaissance, voire dont vous vous êtes lié/e/s d’amitié. J’espère que les moments que vous avez pu vivre au « Kolléisch » ensemble avec vos camarades de classe et vos professeurs vous ont montré que vous n’êtes pas et que vous ne serez jamais seul/e/s. Gardez le souvenir de celles et ceux que vous avez rencontrés, des moments de joie que vous avez vécus ; qu’ils vous inspirent et vous motivent dans tous les défis qu’il faudra relever !

Claude HEISER, Directeur de l’Athénée

 

 

***

 

 

Léif Primaner,

Ech kéint elo hei zielen, wéi traureg ech sinn, dass dëst warscheinlech dat lescht Joer ass, dat ech am Athénée verbréngen. Allerdéngs ass dat net de Fall. Vivat, Crescat, wéi war dat scho méi? Ech mengen, et ass kee Geheimnis, dass de Bildungssystem an der ëffentlecher Schoul eng eenzeg Katastroph ass. Den Elefant steet säit Joerzéngten am Raum. Weder Kreativitéit, nach kritesche Geescht gi gefuerdert, wéi se sollten, an domat ass bei villen d’Motivatioun och vu Joer zu Joer gefall. Et gëtt also héich Zäit, dass dir all eraus an d’grouss Welt gelooss gitt, an nei Dimensiounen entdeckt! An dësem Kontext well ech awer och mäin déifste Respekt fir déi Proffen ausdrécken, déi hire Schüler all Dag méi mat op de Wee ginn, wéi nëmmen en drëchenen, virgeknatene Cours.

Réckbléckend constatéieren ech och, dass ech perséinlech d’Chance hat, am Laf vu menge 7 Joer am Athénée e puer brilliant Leit kenne geléiert ze hunn, sou dass meng Zäit am Lycée sech awer iegend wéi gelount huet.

Ech notzen d’Geleeënheet direkt, fir am Numm vum Premièrescomité all Mënsch Merci ze soen, dee sech dëst Joer fräiwëlleg engagéiert huet, ons bei onse Comitésaktivitéiten ze hëllefen. Ech weess, dass et ëmmer méi agreabel ass, näischt ze maachen, an appréciéieren ären Engagement dofir ëmsou méi.

Meng léif Primaner, ech hoffen dass der all eppes aus dem Lycée mat huelt, a wënschen iech all, dass der äert Gléck fréier oder spéider op är eegen Aart a Weis fanne wäert, an en erfëlltent Liewe lieft!

Peace out,

Äre Presi

Felix Glesener

© 2018-19 Yearbook